Create Your First Project
Start adding your projects to your portfolio. Click on "Manage Projects" to get started
HOT FLASHES SESSIONS
Projektart
Performance
Datum
04., 05., 06.09.2026.
more dates to be announced!
Location
Dipso Wine Bar
Besetzung
Text, Iddi, Performance: Tammy REICHLING
DJane: Vera_lou
Regie: Daliah KENTGES
Permimenopaus Coaching: Joyce SERRES
Kostüm: Sophie MEYER
Iwwersetzung: Mandy THIERY
Fotoen: Jeannine UNSEN
Produktioun: MASKéNADA
Wann de Kierper säi Programm nei start, leeft déi radikaalst Performance vun eisem Liewen un. Heiansdo fillt sech den Alldag u wéi en Open-Air-Festival an der Wüst – just ouni Musek an ouni Bar.
Mir maachen aus Hëtzt Präsenz, aus Schweess e Statement.
Ech schweessen iwwerall – och aus den Aen. Ech sinn eng Fra an de beschte Joren a fille mech, wéi wann ech am falsche Kierper-Hotel agecheckt hätt. Ech well dauernd d’Zëmmer wiesselen.
Ech dreiwe mech ronderëm am Hamsterrad vum Liewen – an op der Kichefënster stapelen sech d’Narungsergänzungsmëttel, fir datt ech wueltemperéiert déi nächst Joren iwwerstinn. Iwwerdeems probéieren ech verzweifelt, alles am Grëff ze behalen, a probéiere gläich-zäiteg ze verstoen, firwat ech am Supermarché de Sécherheetsmann néier blären.
Hot Flashes Sessions – e Movement:
Mir feieren de Wiessel – net als Ausfall, mee als Op-broch.





